2te Versuch: Nei Kandidatur fir en Unesco Geopark ze kréien

2te Versuch: Nei Kandidatur fir en Unesco Geopark ze kréien
Play

Mat der ganzer Campagne vum Vakanz Doheem ass se wuel nach méi populär ginn – d'Regioun ronderëm de Mëllerdall. Fir de Naturpark weider méi intressant fir d'Ausland, den Tourismus a weider Collaboratiounen ze maachen, gouf haut den Dossier fir d‘Kandidatur presentéiert, déi aus dem Naturpark den éischten Unesco unerkannte Geopark zu Lëtzebuerg soll maachen. Tim Morizet.