Plattform cliché.lu: Migratioun, Stereotypen an d'Mateneen-Liewen ginn thematiséiert

"Et soll iwwert Viruerteeler, Diskriminéierung a Rassismus geschwat ginn, eng Debatt driwwer gefouert ginn. A mir bidden den Enseignanten a Schüler eng Plattform fir datt ze maachen." Dat gouf dës Woch bei der Presentatioun vun enger neier Plattform mam Numm "Cliché" betount. D'Ouevre grand-duchessse charlotte huet dës zesummen mat der Asti an dem IKL, dem Interkulturelle Bildungszentrum a Form vun engem Internetsite an enger Applikatioun en place gesat. Et soll eng oppen a partizipativ Plattform sinn, bei där d'Fotografie eng zentral Roll spillt, Claudia Kollwelter