6 Phasen: Gesondheetsministère presentéiert Impfstrategie

Lëtzebuerg huet elo eng Impfstrategie: a 6 Phasen soll déi ganz Populatioun d'Méiglechkeet kréien, sech géint de Coronavirus impfen ze loossen. Den Detail huet de Gesondheetsministère de Moien der Press presentéiert. Déi Responsabel hoffen, bis Enn vum Mount mat der Phase 1 fäerdeg ze sinn. Méi genee Datumer goufen net genannt, dofir awer d'Kategorien, wie prioritär geimpft gëtt. Fanny Kinsch.