Psychesch Gesondheet soll an Zukunft net méi am Schied vu physescher Santé stoen

Déi psychesch Gesondheet soll an Zukunft net méi am Schied vun der physescher Santé stoen. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wëll am Prinzip een groussen nationale Gesondheetsplang ouni Hierarchië wat d'Krankheeten ugeet. Allerdéngs gëtt et zu Lëtzebuerg vill ze verbessere wat déi psychiatresch Prise en charge vu Patienten ugeet. Dat geet aus enger externer Analyse vum Lëtzebuerger Plang fir d'Präventioun géint de Suicide ervir, déi de Moie presentéiert gouf. De Pierre Jans iwwert eng Presentatioun ouni konkret Proposen.