COVID an de Schoulen: Interview mam Dr. Jean-Claude Schmit

Wéinst der schlechter Entwécklung vun de Covid-Infektiounen an eenzelen Fäll vun der neier britescher Variant am Enseignement gouf Gëschter decidéiert d’Grondschoulen, d’Maison Relaien an d’Kompetenzzentren d’nächst Woch zou ze maach. Den Annoncement koum Gëscht zum Deel iwweraschent – besonnesch well d'Infektiounszuelen déi lescht Wochen op den éischte Bléck éischter stabel gewierkt hunn. Am Interview schwätzt den Tim Morizet mam Dr. Jean-Claude Schmit, Direkter vun der Santé, iwwert déi lescht Developpementer an de Schoulen an och den Impakt vun der britescher Variant vum COVID-Virus.