"Fort vum Offall, hinn zur Kreeslafwirtschaft"

"Kreeslafwirtschaft hëlleft eis all d'Ziler am Beräich vun der Ëmwelt, dem Klimaschutz an de nohalteger Entwécklung ze areechen. Grad an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou mer wéineg eege Ressourcen hunn, hu mer all Interêt fir Pionéier ze ginn." Dat huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg de Moien betount. Zesummen mam Wirtschafts- an Energieminister huet si eng nei Strategie presentéiert, mat Hëllef vun där d'Kreeslafwirtschaft weider promovéiert an ausgebaut soll ginn, Claudia Kollwelter