Suites OpenLux

Suites OpenLux
Play

Steierparadäis, Steieroase an Coffre-Fort vun Europa. Dat sinn Aussoe vun den internationale Medien iwwer Lëtzebuerg am Kader vun den sougenannten Openlux-Recherchen. Bei de meeschte Politiker suergen dës Duerstellunge fir net vill Verständnis, ma wat soen déi zoustänneg Autoritéite vun der Finanzplaz iwwer dës Artikelen? Mir hunn beim Nicolas Mackel CEO vun „Luxembourg for Finance“ an dem Claude Marx Direkter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF nogefrot. D Annick Goerens mat den Detailer