"D'Police war de Weekend net iwwerfuerdert", seet den Policeminister Henri Kox

"D'Police war de Weekend net iwwerfuerdert", seet den Policeminister Henri Kox
Play

De Weekend war et rëm enger ganzer Partie Demonstrante gelongen am Zentrum vun der Haaptstad géint d'Covid-Mesuren ze demonstréieren. An och en Demonstratiounszuch, dee vun der Gare lassgaangen ass, war net am sougenannten Zooning, dee vun der Philharmonie bis op de Glacis reecht. Am RTL-Interview huet de Gréngen Police Minister Henri Kox awer gesot, d’Police wier net iwwerfuerdert mat der Situatioun gewiescht. Et hätt een den Dispositif esou opgestallt, fir di onugemellte Maniffen anzegrenzen... Diana Hoffmann