E weideren Impfzenter ass an der LuxExpo opgaangen

Vun haut un ass den Impfzenter an der LuxExpo um Kierchbierg op. Dat ass dann de 5. Impfzenter zu Lëtzebuerg. Hei ginn dann nëmme Booster-Impfunge gemaach. Zil ass et d’Impfcampagne weider an d’Gäng ze kréien. Dofir ass och des Woch den Delai fir de Rappel ze kréie verkierzt ginn.
Sabrina Backes