Gestioun vun RBE an RCS gëtt reforméiert

Gestioun vun RBE an RCS gëtt reforméiert
Play

De Luxembourg Business Registers ass e Groupement d’Intérêt Economique wouvunner de Fonctionnement reforméiert gëtt.
Zil hannendrunn, ass eng Mise à Jour vum Handels-Regëster a vum Registre des bénéficiaires effectifs, wou jo all d’asbl’en agedroe sinn.
Dës Regesteren ginn aktiv genotzt – sou waren et zejoert eng 20 Milliounen Dokumenter, déi op där Plattform konsultéiert an erofgeluede goufen.
Wéi et vun der zoustänneger Justizministesch Sam tanson haut geheescht huet, soll domat d’Qualitéit an d’Prezisioun vun den Informatiounen garantéiert ginn.
Bis 2023 sollen och Sanktiounen agefouert ginn fir Entreprisen, déi sech net un d’nei Dispositiounen halen.
Sabrina Backes