Covid-Kids 2: All 10. Kand fënnt näischt a sengem Liewe gutt

D’Pandemie huet nach ëmmer en enormen Impakt op d’Wuelbefanne vun de Kanner – 31 Prozent vun de Kanner ënner 12 Joer an 43 Prozent vun de Jonken am Lycéesalter si manner zefridde mat hirem Liewen, wéi virun 2020. Dat geet aus dem zweeten Deel vun der Covid-Kids Etude ervir, deen d’Fuerscherinne vun der Uni Lëtzebuerg zesumme mat der Unicef de Moie virgestallt hunn. Dobäi hu sech verschidden Trenden, déi scho beim 1. Deel vun der Etude erkannt goufen, confirméiert. Fanny Kinsch.