Wéi geet een an Zukunft mam Coronavirus ëm?

(Aktuell Covidzuelen..?)
Och wann de Krich an der Ukrain den Ament d‘Haaptthema ass: d‘Corona-Infektiounszuelen ginn nees erop, a sou munch een freet sech vläicht, ob een déi Evolutioun esou onbesuergt sollt suivéieren. Mä wéi schonn den Professer Paul Wilmes vun der Covid-19 Task Force als Invité vun der Redaktioun, seet och den Direkter vun der Santé, dass d‘Ophiewe vun de Mesurë mat Bléck op d’Spideeler ze vertrieden wär. De Jeannot Ries an de Pierre Jans hu mam Dr. Jean-Claude Schmit geschwat.