Gemenge preparéiere sech op Flüchtlingen aus der Ukrain

Gemenge preparéiere sech op Flüchtlingen aus der Ukrain
Play

Lëtzebuerg bereet sech op d‘Arrivée vun dausende Flüchtlingen aus der Ukrain vir, dorënner vill Kanner.
D‘Gemengen sollen Logementer preparéieren, an deenen Refugiéeën méi laang bleiwe kënnen. Dem Gemengesyndikat no feelt et den Ament awer vu staatlecher Säit un den néidegen Informatiounen fir sech optimal a mat Virlaf op den Accueil vun de Leit virzebereeden. Haut war eng Reunioun vum Syvicol. De Pierre Jans mat den Detailer.